Karl Schaifers

däitschen Astronom

De Karl Schaifers, gebuer den 21. November 1921 zu Koblenz, a gestuerwen de 26. Oktober 2009 zu Heidelberg, war en däitschen Astronom.

Karl Schaifers
Gebuer 1921
Koblenz
Gestuerwen 26. Oktober 2009
Heidelberg
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Astronom

De Karl Schaifers huet zu Bonn Astronomie a Physik studéiert. Hien huet do 1952 mat der Aarbecht Untersuchungen über die absoluten Helligkeiten und die räumliche Verteilung der F-Sterne promovéiert.

En huet am Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl geschafft.

Zesumme mam Sebastian von Hoerner huet hie Meyers Handbuch über das Weltall (1960) erausbruecht, an huet déi follgend Editioune vum Wierk betreit (6. Edit. 1984). Zesumme mam Rudolf Kühn a mam Hans Elsässer huet hien am Joer 1962 d'Zäitschrëft Sterne und Weltraum gegrënnt an huet och en ettlech populärwëssenschaftlech Bicher geschriwwen.

1983 krut hien de Bruno-H.-Bürgel-Präis vun der Astronomescher Gesellschaft fir säi Verdéngscht bei der Populariséierung vun der Astronomie.

No him gouf dee vum Karl Wilhelm Reinmuth entdeckten Asteroid (1742) Schaifers genannt.

Wierker änneren

  • Geschwister der Sonne, 1976
  • Atlas zur Himmelskunde, 1969
  • Meyers Sternbuch für Kinder: Petra lernt den Himmel kennen, 1964

  Portal Astronomie