De Karl Heinrich Fielitz, gebuer de 4. Dezember 1903 zu Rostock, gestuerwen den 20. Februar 1982 zu Mainz, war en däitsche Jurist, deen am 2. Weltkrich "Landrat" zu Lëtzebuerg war.

Karl Heinrich Fielitz
Gebuer 4. Dezember 1903
Rostock
Gestuerwen 20. Februar 1982
Mainz
Nationalitéit Däitschland

No enger Ausbildung am Bankfach, huet de Fielitz zu Rostock Jura studéiert.[1] Duerno huet seng Karriär sou ausgesinn: "Gerichtsreferendar" (1932), "Gerichtsassessor" (1935), "Regierungsassessor" (1936), "Regierungsrat" zu Arnsberg (1939).

1940 koum hien an dat vun der Wehrmacht besate Lëtzebuerg a gouf Landeskommissar resp. Landrat vum sougenannte Kreis Grevenmacher. Am September 1944 ass hien an Däitschland geflücht. Vum 20. September 1944 bis Ufank Mäerz 1945 war hie Landrat vum Landkreis Daun. Duerno ass hie vun der Militärregierung internéiert ginn.

Hie gouf spéider u Lëtzebuerg ausgeliwwert, wou hien ufanks 1947 als Krichsverbriecher am Gronn am Prisong souz[2] an op säi Prozess gewaart huet, deen allerdéngs mat engem "non-lieu" zu Enn gaangen ass.[3]

De Fielitz war spéider Regierungsdirektor am Wirtschaftsministère vu Rheinland-Pfalz.

Literatur änneren

  • Monz, H. (Hrsg.), 2000. Trierer Biographisches Lexikon. WVT Wissenschaftlicher Verlag Trier, 539 S. (Fielitz, Karl Heinrich Gerhard Martin: S. 113.)
  • Rheinland-Pfälzische Personendatenbank: Fielitz, Karl Heinrich Gerhard Martin (gekuckt: 09.07.2011). [2]
  • Sastges, N., 1985. Daun Leopoldstraße 9. In: Jahrbuch Daun 1985, S.197-200 (Landrat Fielitz: S. 198). [3]

Referenzen änneren

  1. Siehe dazu den Eintrag der Immatrikulation von Karl Heinz Fielitz im Rostocker Matrikelportal
  2. Luxemburger Wort 1947, Nr. 20 (20. Januar), S. 4
  3. Cf. Archives nationales du Grand-Duché de Luxembourg (Archive). Section contemporaine (Section). 2e Guerre Mondiale, 1940-1945 (Département). Criminels de guerre allemands - 2e Guerre Mondiale, 1934-1953 (Fonds). Inculpés (Serie). CdG 029 Fielitz Karl-Heinrich (Dossier). Jugement: non-lieu. [1]