Kappa-Cygniden
Kappa-Cygniden | |
---|---|
Aktivitéitszäitraum | 3. - 25. August |
Aktivitéitsmaximum | 18. August |
Radiantenpositioun vum Maximum |
RA: 19h 4m DE: +59° |
ZHR | 3 |
Populatiounsindex | 3,0 |
geozentresch Vitess | 25 km/s |
De Meteorstroum vun de Kappa-Cygniden ass am Zäitraum vum 3. bis de 25. August aktiv. An dësem Zäitraum sinn nëmmen eng kleng Zuel un Kappa-Cygniden (ZHR: 3 Meteore pro Stonn) siichtbar. De Radiant verlagert sech nëmmen e bësschen, wouduerch d'Radiantepositioun kontinuéierlech ongeféier 5 Grad nërdlech vum Stär κ-Cygni läit.