Gehaanskapell vu Waalsdref
kathoulesch Kapell an der Gemeng Tandel
(Virugeleet vu(n) Kapell Waalsdref)
D'Gehaanskapell vu Waalsdref ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Tandel gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Waalsdref | |||
Par | Parc Our Saint-Nicolas | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Johannes | |||
Koordinaten | 49° 55’ 30.6’’ N 06° 10’ 20.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Johannes, den Evangelist, deem säi Fest de 27. Dezember gefeiert gëtt.
D'Kapell steet am Duerfzentrum am Burewee zirka 30 m vun der Kräizung mam CR354.
Se gouf den 2. Mäerz 2018 als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Zur fréierer Par Furen gehéieren ausser der Gehaanskapell och nach d'Parkierch vu Furen, d'Filialkierch vu Bëttel an d'Kapell vu Longsdref.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Gehaanskapell vu Waalsdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).