Kapell Piisseng
kathoulesch Kapell an der Gemeng Recken op der Mess
D'Kapell vu Piisseng ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Mess-Réibierg Sainte-Famille, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Reckeng op der Mess gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
D'Récksäit vun der Kapell (2013) | ||||
Uertschaft / Plaz | Piisseng | |||
Par | Mess-Réibierg Sainte-Famille | |||
Dekanat | Süden-West | |||
Numm / Patréiner | Hl. Willibrord | |||
Koordinaten | 49° 32’ 53.2’’ N 05° 59’ 58.0’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
Patréiner ass den hellege Willibrord, deem säi Fest de 7. November gefeiert gëtt.
Si steet an der Haaptstrooss, dem CR172, verstoppt tëscht grousse Beem.
Iwwer der Dier steet d'Joreszuel 1773. Aktuell (Juni 2013) ass d'Kapell an zimmlech schlechtem Zoustand.
Zur Par Reckeng op der Mess gehéieren ausser der Kapell vu Piisseng och nach d'Parkierch vu Reckeng op der Mess an d'Kapell vu Riedgen.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Kapell Piisseng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Vun der Mess
- D'Kapell Piiseng an der ëffentlecher Facebookgrupp Patrimoine religieux Luxembourg - Reliéisen Ierwen Lëtzebuerg [sic]
-
Bléck aus südwestlecher Richtung
-
Agank vun der Kapell op der Stroossesäit