Donatuskapell zu Pëtten

kathoulesch Kapell
(Virugeleet vu(n) Kapell Pëtten)

D'Donatuskapell zu Pëtten ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Miersch Saint-François, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Miersch gehéiert.

Donatuskapell vu Pëtten
Kapell vu Pëtten (2009)

Kapell vu Pëtten (2009)
Kapell vu Pëtten (2009)
Uertschaft / Plaz Pëtten
Par Miersch
Saint-François
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Donatus
Konsekratioun 1868
Koordinaten 49° 46’ 12.8’’ N
      06° 06’ 29.8’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellegen Donatus, deem säi Fest den 30. Juni gefeiert gëtt.

Se läit am Duerfkär vu Pëtten nieft der Waasserbuerg an der rue du Château, dem CR306.

De 6. Dezember 2023 gouf se als national Kulturierfschaft klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Miesdref huet ausser der Kapell vu Pëtten och nach d'Parkierch vu Miesdref gehéiert.

Geschicht änneren

D'Kapell gouf tëscht 1725 a 1727 opgeriicht, 1903 vergréissert an 1930 an 1951 restauréiert.

Iwwerliwwertem no soll et ënner der Kapell eng Krypta ginn, an där den Theobald den Eremit begruewe soll sinn, deen op der Héicht vum Rouscht a senger Klaus gelieft soll hunn[2].

Literatur änneren

  • Friedrich, Evy, 1970. Pettingen / Ein Dorf das Stadtrecht hatte. Revue 46: 46-52.
  • Hilbert, Roger, 1995. Die Kapelle von Pettingen. Duerfsieschterblietchen Nr. 19(Spiirkel), S. 4-7, Pettingen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Donatuskapell zu Pëtten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Cf. Friedrich 1970.