Kanadesche Kierfecht vun Tilloy-lez-Cambrai


Um Kanadeschen Zaldotekierfech vun Tilloy leien d'Zaldote vum Kanadesche Corps begruewen, déi am Ufank vum Oktober 1918 bei der Eruewerung vun Tilloy-lez-Cambrai gefall sinn.

Kanadesche Kierfecht vun Tilloy-lez-Cambrai
De Kierfecht am Mäerz 2019
Land Frankräich
Gemeng Tilloy-lez-Cambrai
Ugeluecht 13. Oktober 1918
Koordinaten 50° 12’ 16’’ N
      03° 13’ 17’’ O
Architekt(en) Charles Holden

Um Kierfecht sinn 265 haaptsächlech kanadesch Zaldoten aus dem Éischte Weltkrich begruewen, dovu 25 onbekannter. Ënner den identifizéierten Affer sinn 235 Kanadier a 4 Britten.

Aus dem Zweete Weltkrich gëtt et 8 Griewer vun Aviateuren, 6 Kanadier an 2 Britten déi den 13. Juni 1944 iwwer Tilloy mat hirem Lancaster II ofgeschoss gi waren. Hir Grafsteng sti laanscht déi lénks Mauer.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lancaster Monument vun Tilloy-lez-Cambrai.

Biller änneren

Um Spaweck änneren