Haaptmenü opmaachen

Schlass Kéideng

Schlass béi Kéideng
(Virugeleet vu(n) Kéidenger Schlass)

D'Schlass vu Kéideng ass en Haus, dat südlech vu Kéideng, an der Gemeng Fëschbech, am Dall vun der Wäisser Iernz, laanscht den CR119 steet.

Schlass Kéideng
Land Lëtzebuerg
Plaz Kéideng
Koordinaten 49° 43’ 59.9’’ N
06° 12’ 29.8’’ O
Status Wunneng
Datum vum Bau 1812 oder virdrun

Zum 'Schlass' gehéiert och e virgelagert fréiert Wirtschaftsgebai, duerch dat eng Paart bei d'Schlass féiert.

GeschichtÄnneren

D'Gebai huet dräi Stäck a gouf spéitstens 1812 vum Schmelzhär Charles Joseph Collart baue gelooss. Hien hat kuerz virdrun d'Fëschbecher Schlass an d'Schmelz, déi dozou gehéiert huet, kaaft. D'Gebai gläicht dem Schengener Schlass, dat dem Collart säi Jong Jean Nicolas 1812 opriichte gelososs hat. Et war als Verwaltungsgebai vun der Schmelz geduecht.

1836 gouf d'Schlass un den Auguste Garner verkaaft, nodeems säi Proprietaire, den Enkel vum Charles Joseph Collart, deen och Charles Joseph Collart housch, verschëllt gestuerwe war. Vun 1847 bis 1854 huet et dem Louis-René de Berthier vum Schlass La Grange gehéiert (un deen haut nach eng Tak am Haus erënnert). Vun 1863 huet et der Famill von Arenberg gehéiert, déi et verpacht hunn. Ufanks vum 20. Joerhonnert waren de Léon Bernard-Servais an dono den Eduard Wolff Majerus Proprietairen.[1]

ReferenzenÄnneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Ministère de la Culture, Service des Sites et Monuments: Nationale Inventarisierung der Baukultur im Großherzogtum Luxemburg: Kanton Mersch, Gemeinde Fischbach. Luxemburg 2018, S.146 ss.