Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Juliénas ass ee vun den 10 Crusen aus de Wéngerte vum Beaujolais. Déi 10 Cruse si vun Norden no Süden: Saint-Amour, Juliénas, Chénas, Moulin-à-Vent, Fleurie, Chiroubles, Morgon, Regnié, Côte-de-Brouilly a Brouilly.

De Wéngert vum Duerf aus gesinn. Hannen am Bild d'Schlass vum Bois de la Salle an d'Kellerei vun der Genossenschaftskellerei vu Juliénas

D'Wéngerte vum Juliénas si mat déi eelst aus dem Beaujolais. E groussen Deel läit op héije Koppen a géien Häng op Granitbiedem, a leemege Granitbiedem, wat mat sech bréngt datt de Wäi gutt zeideg gëtt. D'Héicht variéiert tëscht 250 a 470 Meter.

D'Wäiner vu Juliénas si méi zolidd an net sou reng wéi déi vu Saint-Amour, a ginn eréischt tëscht 2 a 4 Joer richteg op. De Wéngert hat 2008 eng Fläch vu 575 ha.

D'Wéngerte vun der Appellation leien op de Gemenge Juliénas, Jullié, an Émeringes am Departement Rhône, a Pruzilly am Departement Saône-et-Loire.

Déi bescht Lage si La Bottière, Les Capitans, Les Chers a Les Paquelets.

Informatiounen iwwer d'Appellatioun änneren

  • Dekreet vun der Appellatioun: 11. Mäerz 1938
  • Erlaabt Riefzorten: Gamay
  • Biedem: Granit a leemege Granit (Granite de Fleurie)
  • Produktioun: 14.300 hℓ
  • Rendement (Moyenne) um Hektar: 53 hℓ
  Cruse vun der Appellatioun Beaujolais  

Saint-Amour - Juliénas - Chénas - Moulin-à-Vent - Fleurie - Chiroubles - Morgon - Regnié - Côte-de-Brouilly - Brouilly.