D'Jugendherberg vun Tilff, läit am Dall vun der Ourthe, an den Dependancë vum Schlass Brunsode eng ronn 15 km am Süde vu Léck. Se läit knapps 400 m vun der Gare vun Tilff ewech.

D'Jugendherberg vun Tilff

D'Géigend ëm Jugendherberg ass ideal fir Trëppeltier am Ourthedall, z. B. laanscht de fréieren Ourthe-Kanal, oder fir Speleologen, d'Grott Sainte-Anne ass knapps e Kilometer dovun ewech. Dat ass mat 5.208 Meter den drëttlängsten ënnerierdesche Grottesystem an der Belsch. Et bestinn och Méiglechkeete fir an de Fielsen an der Ëmgéigend ze kloteren.

Direkt nieft dem Gebai, ass de Beiemusée vun Tilff, deen an der fréierer Scheier vum Haff deen zum Schlass gehéiert huet ënnerbruecht ass.

Si huet kee permanente Service a gëtt nëmmen u Gruppen am Ganze verlount.

Um Spaweck änneren