De Beiemusée vun Tilff am Dall vun der Ourthe besteet zanter 1974. En ass an der fréierer Scheier vum Schlass Brunsode ënnerbruecht.

Westsäit vum Beiemusée

Et ass e massiivt Gebai dat deelweis aus bloe Steng an eisenhaltegem Granit gebaut ass. Um Giewel am Weste ass iwwer der Scheierpaart e Giewelrelief ze gesinn, dee vum Schlass de Villers vu Bilstain hierkënnt, a vun engem vun de leschte Besëtzer dem Edmond Lieutenant dee vun do gestaamt huet ubruecht gouf. Am Relief ass de Wope vun der Famill De Goër vun Herve a Borlez ze gesinn. En ass 1740 datéiert.

De Musée ass a véier Sektiounen opgedeelt:

  1. An der Sektioun Exposition gëtt aalt a modernt Geschier gewisen, dat an der Beienzuucht gebraucht gëtt. Beiestäck an Instrumenter aus allen Häre Länner ginn dem Musée en internationale Cachet.
  2. An der audio-visueller Sektioun kann ee Montagen iwwer d'Aktivitéite vun de Beien an de verschiddene Periode vun hirem Liewe gesinn.
  3. An der sogenannter lieweger Sektioun kann een an zwéi verglaste Beiestäck d'Aarbecht vun de Beien observéieren.
  4. An der wëssenschaftlecher Sektioun gëtt et eng Kollektioun vun Insekter an Näschter déi d'Situatioun vun der Bei vis-à-vis vun aneren Hautfligler duerstellen.

De Musée ass am Abrëll, Mee, Juni a September, samschdes, sonndes, an d'Feierdeeg vun zwou bis sechs op.
Am Juli an August ass all Dag vun vun zéng bis zwielef, a vun vun zwou bis sechs op.

Iwwer d'ganzt Joer kann eng didaktesch Féierung fir Schoulklassen op Rendez-ausgemaach ginn. An der Gemengebibliothéik déi niewendrun am Schlass ass, kann ee Bicher iwwer d'Beie fannen, déi en do op der Plaz ka liesen, oder och léinen.

Um Spaweck änneren