Juddegaass (Tréier)
Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Am nërdleche Passage vun der Tréierer Maartplaz an d'Simeonstrooss féiert d'Juddegaass an de fréiere mëttelalterleche jiddesche Quartier vun der Stad.
Hebräesch Inscriptioune beweisen, datt et schonn am éischten an am zweete Joerhonnert Judden am réimeschen Tréier ginn huet. Éischt schrëftlech Dokumenter iwwer eng Juddekommunautéit zu Tréier stamen aus dem 11. Joerhonnert. 1235 hu véier Judden hir Haiser an där spéider Juddegässel baue gelooss. An der éischter Hallschent vum 14. Joerhonnert stoungen am jiddesche Quartier schonn eng 60 Haiser mat enger Synagog, Gemengenhaus an anere Strukturen. D'Juddepaart, eng an zwee Haiser agebaute Paart iwwer déi een an d'Juddegässel kënnt, gouf ufanks vum 13. Joerhonnert ugeluecht an tëscht 1607-1608 ëmgebaut. Iwwer hir sti Fachwierkhaiser aus der Renaissance.
Mat der Verdreiwung vun de Judden 1349 ass och d'Geschicht vum Juddequartier zu Tréier op en Enn gaangen.