D'Joyce Hilda Mtila Banda, gebuer den 12. Abrëll 1950 zu Malemia bei Zomba, ass eng Politikerin (People's Party) aus Malawi. Si war vun 2012 bis 2014 Staatspresidentin vun hirem Land.

D'Joyce Banda

D'Joyce Banda gouf an den 1970er Joren Entrepreneuse an Aktivistin fir Franrechter. Si huet am Malawi d'National Association of Business Women, de Young Women Leaders Network, d'Joyce Banda Foundation for Better Education an déi lokal Vereenegung vum The Hunger Project op d'Bee gesat. Fir hiren Asaz krut si eng Rëtsch international Präisser, dorënner 2006 den International Award for the Health and Dignity of Women vun de Friends of UNFPA.[1] De Forbes Magazine huet si 2011 déi drëttmächtegst Fra aus Afrika genannt[2].

D'Joyce Banda war an der Regierung vum President Bingu wa Mutharika vun 2004 bis 2006 Ministerin fir Geschlechter, Wuelergoe vum Kand a Gemengendéngschter a vun 2006 bis 2009 Ministesch fir Aussebezéiungen an International Kooperatioun. Vun 2009 bis 2012 war si Vizepresidentin vum Land. Si war am Ufank Member vun der United Democratic Front a vun 2005 un vun der neigegrënnter Democratic Progressive Party.

2010 gouf si aus der DPP ausgeschloss, well se net d'accord war, datt dem President säi Brudder, de Peter Mutharika als Kandidat fir 2014 sollt opgesat ginn, si blouf awer Vizepresidentin, an huet hir eege Partei d'People's Party, gegrënnt.

Nom Doud vum Mutharika, de 5. Abrëll 2012 huet si als Vizepresidentin d'Amtsgeschäfter als Presidentin iwwerholl an de 7. Abrëll, den Eed ofgeluecht.[3]

Bei de Presidentschaftswale vum 20. Mee 2014, bei deenen de Peter Mutharika gewonnen huet, koum si just op déi drëtt Plaz.

Referenzen änneren

  1. The friends of UNFPA International Honoree: The Honorable Joyce Banda (konsultéiert de 7, Abrëll 2012)
  2. taz: Frauenpower auch in Malawi, 9. Abrëll 2012
  3. Joyce Banda sworn in as new Malawi president BBC News vum 7. Abrëll 2012 (deen Dag konsultéiert)