Jour de fête ass e franséische Film vum Jacques Tati aus dem Joer 1949.

Jour de fête
Film
Produktiounsland Frankräich
Produktiounsjoer 1949
Première 1950
Dauer 76 min
Faarf Schwaarz-Wäiss
Format 1,37:1 -
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Jacques Tati
Dréibuch Jacques Tati
Henri Marquet
René Wheeler
Fotografie Jacques Mercanton
Jacques Sauvageot
Musek Jean Yatove
Schnëtt Marcel Morreau
Sophie Tatischeff
Dekoren René Moulaert
Produzent Fred Orain
André Paulvé
Cady Films
Panoramic Films
Schauspiller
Jacques Tati als François
Guy Decomble als Roger
Paul Frankeur als Marcel
Santa Relli als Germaine
Maine Vallée als Jeannette
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

An engem klenge franséischen Duerf riichten d'Kirmesleit hir Buden an e Karussell op. D'Kanner kucken no. De Bréifdréier (Jacques Tati) fiert mat senge Vëlo duerch d'Duerf fir seng Tournée ze maachen…

Soss änneren

De Film ass am Joer 1949 faarweg gedréint ginn awer well de Faarfsystem Thomsoncolor ganz nei war gouf, fir sécher ze goen, gläichzäiteg eng schwaarz-wäiss Versioun gedréint. Déi schwaarz-wäiss Versioun koum 1949 an d'Kinoen, well keng Méiglechkeet bestanen huet fir déi faarweg Versioun z'entwéckelen. Vum Film gëtt et dräi verschidde Versiounen:

  • d'Versioun vun 1949 a schwaarz-wäiss
  • d'Versioun vun 1964 a schwaarz-wäiss mat faarwegen Elementer déi mat der Hand op de schwaarz-wäisse Film gemoolt goufen
  • d'faarweg Versioun vun 1995 an Thomsoncolor déi am Joer 1995 restauréiert gouf an déi dem Jacques Tati seng Duechter Sophie Tatishef montéiert huet.

Um Spaweck änneren