De Joseph Dahlmann, gebuer de 14. Oktober 1861 zu Koblenz, gestuerwen den 23. Juni[1]1930 zu Tokio, war en däitsche Jesuittepater an Orientalist, deen a Japan gewierkt huet.

Joseph Dahlmann
Gebuer 14. Oktober 1861
Koblenz
Gestuerwen 23. Juni 1930
Tokio
Nationalitéit Däitschland, Lëtzebuerg
Aktivitéit Orientalist, Universitéitsprofesser, Theolog, kathoulesche Priister

De Joseph Dahlmann ass 1878 an de Jesuittenuerden agetratt. 1891 bis 1893 huet hien zu Wien Sanskrit studéiert, duerno vun 1893 bis 1900 indesch Altertumskunde a chineesesch Sprooch a Literatur.

Am Joer 1900 ass den Dahlmann op Lëtzebuerg an d'Schrëftstellerheem Bellevue um Lampertsbierg komm, wou hien an der Redaktioun vun der Zäitschrëft Stimmen aus Maria Laach matgeschafft huet.

Vun 1902 bis 1905 huet hie laangjäreg Studiereesen duerch Asien (China, Thailand, Kambodscha, Birma, Indien, Japan) gemaach. 1905 ass den Dahlmann op Lëtzebuerg zeréckkomm an huet do d'Andréck vu senge Fuerschungsreesen a sengem Wierk Indische Fahrten, dat 1908 an zwéi Bänn erauskomm ass, zu Pabeier bruecht.[2]

1908 ass den Dahlmann zesumme mat zwéin anere Jesuitten a Japan gereest, fir do den Terrain fir d'Grënnung vun enger kathoulescher Universitéit virzebereeden, déi dann och 1913 zu Tokio als Sophia-Universitéit (Jōchi Daigaku) hiren ufanks nach ganz bescheidenen Depart geholl huet. Den Dahlmann war ee vun de Professeren, déi do enseignéiert hunn.

Wierker (Auswiel) änneren

  • Indische Fahrten. Freiburg im Breisgau, Herdersche Verlagshandlung, 1908, 2 Bd. (Illustrierte Bibliothek der Länder- und Völkerkunde).
    1. Band: Von Peking nach Benares.
    2. Band: Von Delhi nach Rom.

Literatur änneren

  • Anonymus, 1930. P. Joseph Dahlmann S.J. †. In: Luxemburger Wort 1930, Nr. 177 (26. Juni), S. 4. [1]
  • Bost, Bodo, 2011. In päpstlicher Mission nach Japan. Vor 150 Jahren wurde der Jesuitenpater Joseph Dahlmann SJ (1861-1930) geboren: anerkannter Buddhismusforscher und Mitbegründer der katholischen Universität in Tokio. In: Die Warte 2011, Nr. 30 (27. Oktober), Luxemburg, S. 7.
  • DBE, 2001. Deutsche Biographische Enzyklopädie (DBE). Bd. 2. München, Deutscher Taschenbuch Verlag u. K.G. Saur, XXI, 681 S. (Dahlmann, Joseph: S. 430).
  • Schatz, Klaus, 2010. Japan helfen, sich auf eine Stufe mit den Völkern des Westens zu erheben: P. Joseph Dahlmann und die Anfänge der Sophia-Universität 1908-1914. In: Evangelium und Kultur: Begegnungen und Brüche ; Festschrift für Michael Sievernich SJ/ hrsg. von Mariano Delgado und Hans Waldenfels SJ. - Fribourg: Academic Press ; Stuttgart: Kohlhammer, S. 566-586. (Studien zur Religions- und Kulturgeschichte ; 12). [2]
  • Zotz, Volker, 2001. Joseph Dahlmann: ein Buddhismusforscher in Luxemburg. In: Forum, Luxembourg, Nr. 212 (Dezember 2001), S. 39-41.

Referenzen änneren

  1. Am kuerzen Noruff am Luxemburger Wort vun 1930 steet als Stierfdag den 22. Juni (Anonymus 1930).
  2. Anonymus 1930.

Um Spaweck änneren