De Joseph Evrard Baldauff, gebuer zu Iechternach den 20. Mäerz 1792[1] an do gestuerwen de 16. September 1846 am Alter vu 54 Joer, war en Iechternacher Händler.[2]

Joseph Baldauff
Gebuer 20. Mäerz 1792
Iechternach
Gestuerwen 16. September 1846
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Geschäftsmann
Famill
Kanner Ferdinand Baldauff

Hie war Buergermeeschter vun Iechternach vum 16. Oktober 1828[3] bis de 7. November 1830, a vum 26. August 1839 bis de 7. Mäerz 1843.[2]

Seng Eltere waren de Joseph Baldauff an d'Marguerite Tschiderer (Schieder).[2] Hien huet sech de 25. August 1819 zu Dikrech mat der Suzanne Tschiderer (Tschiederer) bestuet[1] a war de Papp vum Dokter Ferdinand Baldauff (1830-1866).

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Eigenverlag, Luxemburg, S. 71. Kuckt och: Deltgen Genealogy. [1]
  2. 2,0 2,1 2,2 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  3. Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.