De John Grettnich oder Johny Grettnich, gebuer den 9. Abrëll 1946, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller[1] an -trainer an der 80er Jore vum FC Racing Ëlwen.[2]

Johny Grettnich
Gebuer 9. Abrëll 1946
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller

Hien huet a senger ganzer Carrière bei der Etzella an der Stiermerpositioun gespillt, hien ass nach ëmmer e grousse Fan vum Veräin an huet och d'Fanlidd komponéiert.[3]

An der Saison 1972/73 hat hien déi meeschte Goler an der Saison geschoss.[4]

De 26. September an de 7. Oktober 1973 huet de Johny Grettnich fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[5]

Hien ass de Papp vum Patrick Grettnich, Foussballtrainer vum FC UNA Stroossen.

Referenzen änneren

  1. De Johny Grettnich op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. http://www.fcracingtroisvierges.lu/plaintext/000001985b0d93482/000001985c0a4f46e/03c1989b380a5d919/annees80.html
  3. http://www.eenoldie.lu/Texter/Etzellaslidd.htm
  4. Archive copy Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2013-12-10.
  5. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Johny Grettnich op der Websäit vun European Football