Johny Grettnich
lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer
(Virugeleet vu(n) John Grettnich)
De John Grettnich oder Johny Grettnich, gebuer den 9. Abrëll 1946, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller[1] an -trainer an der 80er Jore vum FC Racing Ëlwen.[2]
Johny Grettnich | |
---|---|
Gebuer | 9. Abrëll 1946 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Hien huet a senger ganzer Carrière bei der Etzella an der Stiermerpositioun gespillt, hien ass nach ëmmer e grousse Fan vum Veräin an huet och d'Fanlidd komponéiert.[3]
An der Saison 1972/73 hat hien déi meeschte Goler an der Saison geschoss.[4]
De 26. September an de 7. Oktober 1973 huet de Johny Grettnich fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[5]
Hien ass de Papp vum Patrick Grettnich, Foussballtrainer vum FC UNA Stroossen.
Referenzen
änneren- ↑ De Johny Grettnich op der Websäit vun der Football Database.eu
- ↑ http://www.fcracingtroisvierges.lu/plaintext/000001985b0d93482/000001985c0a4f46e/03c1989b380a5d919/annees80.html
- ↑ http://www.eenoldie.lu/Texter/Etzellaslidd.htm
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 05.03.2016. Gekuckt de(n) 10.12.2013.
- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Johny Grettnich op der Websäit vun European Football