Den John Bird, gebuer 1709 zu Bishop Auckland an der Grofschaft Durham a gestuerwen den 31. Mäerz 1776 zu London, war en engleschen Astronom a Fabrikant vu wëssenschaftlechen Instrumenter.

John Bird
Gebuer 1709
Grofschaft Durham
Gestuerwen 31. Mäerz 1776
Nationalitéit Kinnekräich Groussbritannien
Aktivitéit Astronom

De Bird huet wichteg Fortschrëtter an der Entwécklung vun astronomeschen Instrumenter gemaach. Verschidden Instrumenter goufe vum Jeremiah Dixon agesat. Ee vun him entwéckelten astronomesche Quadrant gouf vum James Cook op Tahiti gebraucht fir de Venustransit am Juni 1769 z'observéieren. Observatoiren déi e Mauerquadrant vum Bird kruten, waren: 1750 de Royal Greenwich Observatory, 1756 den Observatoire Göttingen, 1768 de Berliner Observatoire, 1772 de Radcliffe Observatoire zu Oxford an am Joer 1776 den Observatoire Mannheim.

Um Spaweck änneren

  Portal Astronomie