De Johannes Herold (och Johannes Basilius), gebuer de 17. Dezember 1514 zu Höchstädt/Donau, gestuerwen de 17. Juni 1567, war en Editeur an Historiker, deen als Iwwersetzer a Korrekter fir verschidden Drécker zu Basel säi Liewensënnerhalt verdéngt huet.

Johannes Herold
Gebuer 17. Dezember 1514
Höchstädt an der Donau
Gestuerwen 17. Juni 1567
Basel
Aktivitéit Iwwersetzer, Drécker

Eng vu sengen editoriale Leeschtunge war d'Editioun vun de germanesche Stammesrechter, Frisionum Lex (1559). Hien huet déi éischt däitsch Iwwersetzung vum Dante Alighieri senger Monarchia gemaach a si 1559 publizéiert.

A senger Schrëft De Germaniae veteris... locis antiquissimis, déi zirka 1555 zu Basel erauskomm ass, huet hien déi antik Plazen aus deem ale Germanien beschriwwen, dorënner och déi réimesch Sail vun Igel. Hien huet gemengt, dat Monument wier bei Geleeënheet vun der Gebuert vum Gaius Caligula, réimesche Keeser vu 37 bis 41, opgeriicht ginn.[1] D'Argument heifir huet op der fréier ganz beléifter etymologescher Method baséiert, déi an dësem Fall den Numm vun der Uertschaft “Egle“ = “Igel” vu “Caligula” (Cal-igula) ofgeleet huet.[2] Dës (falsch) Theorie sollt gutt 200 Joer méi spéit och den Théodore Lorent vertrieden.

Publikatiounen änneren

  • De Germaniae veteris, verae, quam primam vocabant, locis antiquissimis, insignioribus quoque nonnullis legionum Romanarum III., V., VII., VIII. & XXII. in ea stationibus, eorumque qui ex his supersunt urbium, oppidorum, municipiorum, vicorum celebriorum initiis primordinalibus commentariolus: Quin etia[m] eiusdem argumenti de Leg. III. Italicae August[a]eae in Rhetia Littorali, siue Ripe[n]si superiore Statiuis libellus. [78 Säiten]. [2]

Literatur änneren

  • J.M., 1928. Johann Theodor Lorent aus Remich, Rechtsgelehrter und Archäolog, gest. 1786. Obermosel-Zeitung 1928, Nr. 116 (18. Mai), S. 1.
  • Killy, W., 2001. Herold, Johannes. In: W. Killy & R. Vierhaus (Hrsg.): Deutsche biographische Enzyklopädie (DBE). Band 4: Gies - Hessel. Deutscher Taschenbuch Verlag u. K.G. Saur, München, S. 636.
  • Weibel, A., 2007. Herold, Johannes Basilius. In: Historisches Lexikon der Schweiz. Online. [3]

Referenzen änneren

  1. J.M. 1928. — Kuckt d'Säit aus dem Herold senger Schrëft
  2. Marianne Reuter, Beschreibung der Handschrift Cod.icon. 208, in: BSB-CodIcon Online. Elektronischer Katalog der Codices iconographici monacenses der Bayerischen Staatsbibliothek München (Wed Jul 20 12:00:52 CEST 2011). [1]