Johann Nepomuk Hummel
éisträichesche Komponist
De Johann Nepomuk Hummel, gebuer de 14. November 1778 zu Preßburg (haut Bratislava), an Ungarn, a gestuerwen de 17. Oktober 1837 zu Weimar, war en éisträichesche Komponist a Pianist.
Johann Nepomuk Hummel | |
---|---|
Gebuer |
14. November 1778 Bratislava |
Gestuerwen |
17. Oktober 1837 Weimar |
Nationalitéit | Éisträich |
Aktivitéit | Komponist, Dirigent, Pianist, Éischt Gei, Musekspedagog |
Seng Musek mécht den Iwwergang vun der klassescher Musek zur romantescher.
Säi Papp, de Josef Hummel, war Direkter vun der Keeserlecher Militärmuseksschoul an Dirigent vun engem Danzorchester.