Joaquín Rodrigo

spuenesche Komponist

De Joaquín Rodrigo Vidre, gebuer den 22. November 1901 zu Sagunto, Provënz Valencia a gestuerwen de 6. Juli 1999 zu Madrid, war e spuenesche Komponist.

Joaquín Rodrigo
Gebuer 22. November 1901
Gestuerwen 6. Juli 1999
Madrid
Nationalitéit Spuenien
Educatioun École Normale de Musique de Paris
Aktivitéit Komponist, Choreograph, Pianist, Pedagog, Musikolog, Gittarist

Hie war vu Kand u blann, an huet 1927 um Conservatoire vu Valencia, duerno zu Paräis op der Ecole Normale de Musique, ë. a. beim Paul Dukas, bis 1932 Kompositioun, Piano an Harmonie geléiert. An de Joren duerno ass hie mat senger Fra, enger Pianistin, vill doruechter gereest, an huet zu Paräis viru Museksgeschicht studéiert. 1948 gouf hien um Conservatoire vu Madrid Professer fir Museksgeschicht. Do dernieft huet hien als Musekkritiker an als Direkter vum Musek-Rayon beim Radio geschafft.

Säi Stil verbënnt Neoklassizismus mat spueneschem Folklor. Zum Deel ginn och typesch Figure vum 16. bis 18. Joerhonnert iwwerholl a verschafft. Seng Kompositioune sinn tonal, och wann hei an do kleng Dissonanzen agebaut sinn. Säi bekanntst Wierk ass de Concierto de Aranjuez, fir Gittar an Orchester, dat mat zu de populäerste klassesche Stécker vum 20. Joerhonnert gehéiert.

Wierker änneren

  • fir Orchester
    • Zarabanda lejana y villancio, sinfonesch Dichtung (1926-30)
    • Per la flor del lliri blau, sinfonesch Dichtung (1934)
    • Música para un jardín, sinfonesch Dichtung (1923-57)
    • A la busca del más allá, ssinfonesch Dichtung (1976)
  • fir Bléisersorchester
    • Pasodoble para Paco Alcalde (1975)
    • Adagio para Instrumentos de Víento (1966)
    • Homenaje a la Tempranica (1939)
    • Per la Flor del Lliri Blau (arr. 1984)
  • Concerti
    • Concierto de Aranjuez fir Gittar an Orchester (1939)
    • Fantasía para un Gentilhombre ffir Gittar an Orchester (1954)
    • Concierto para una fiesta fir Gittar an Orchester (1983)
    • Concierto Madrigal fir zwou Gittaren an Orchester (1966)
    • Concierto Andaluz fir véier Gittarern an Orchester (1967)
    • Concierto Serenata fir Harf an Orchester (1952)
    • Sones en la Giralda fir Harf an Orchester (1963)
    • Concierto heroico fir Piano an Orchester (1942, rev. 1995)
    • Concierto de estío fir Gei an Orchester (1943)
    • Concierto en modo galante fir Violoncello an Orchester (1949)
    • Concierto como un divertimento für Violoncello und Orchester (1981)
    • Concierto pastoral fir Flütt Orchester (1978)
  • fir Piano (Auswiel)
    • Album de Cecilia
    • Sarabanda Lejana
    • Pastorale
  • Aner Wierker
    • Lieder z. B. Cuatro Madrigales Amatorios (1948) fir Piano a Sopran, no alen Texter
    • Kammermusik fir Sträichinstrumenter
    • Gittarenmusek

Um Spaweck änneren