Joël Robuchon
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Joël Robuchon, gebuer de 7. Abrëll 1945 zu Poitiers, a gestuerwen de 6. August 2018 zu Genf, war e franséische Kach a Gastronom. Hie krut 1990 vum Gault et Millau den Titel Kach vum Joerhonnert[1], deen ausser him nëmmen de Paul Bocuse, de Frédy Girardet an den Eckart Witzigmann iwwerreecht kruten. Dem Robuchon seng Restaurante ware mat am Ganzen 32 Michelin-Stären ausgezeechent. Am Joer 2016 war hien, zesumme mat der Eugénie Brazier, dem Marc Veyrat, Alain Ducasse an Thomas Keller ee vun de Chefkäch mat de meeschte Stären.
Joël Robuchon | |
---|---|
Gebuertsnumm | Joël Daniel Robuchon |
Gebuer |
7. Abrëll 1945 Poitiers |
Gestuerwen |
6. August 2018 Genf |
Doudesursaach | Bauchspäicheldrüsekriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Chefkach, Saachbuchauteur, Gastronom |
De Robuchon war doriwwer eraus och wéinst senge Buchpublikatiounen an Optrëtter an Televisiounsemissioune bekannt.
Säi Liewen
ännerenPublikatiounen (Auswiel)
änneren- Tout Robuchon. Paräis 2007: Perrin. ISBN 978-2-262-02716-2 (fr)
- The Complete Robuchon. New York 2008: Grub Street. ISBN 978-1-906502-22-5 (en)
- Le Meilleur et le plus simple de Robuchon. Paräis 1999: LGF. ISBN 978-2-253-08200-2(fr)
- Les dimanches de Joël Robuchon. Paräis 1999: La Chêne. ISBN 978-2-84277-214-7(fr)
- Le Meilleur et le plus simple de la pomme de terre. Paräis 1999: LGF. ISBN 978-2-253-08159-3(fr)
- Joël Robuchon, Guy Job: Les Recettes des grands chefs : Desserts. Paräis 2004: Le Livre de Poche. ISBN 978-2-253-16616-0(fr)
- Food and Life, vum Joël Robuchon, Dr. Nadia Volf. New York 2014. Assouline Publishing. ISBN 978-1-614-28264-8 (fr)(en)
Gielercher
änneren- Officier vum Ordre de la Légion d'honneur
- Officier vum Ordre national du Mérite
- Commandeur vum Ordre du Mérite agricole
- Officier vum Ordre des Arts et Lettres
- 2013 Eckart Witzigmann Präis fir grouss Kachkonscht
Um Spaweck
ännerenCommons: Joël Robuchon – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ De weltwäit gréisste Stäre-Kach Joël Robuchon ass dout op rtl.lu de 6. August 2018; fir d'lescht gekuckt de 7. August 2018