Jil Devresse
lëtzebuergesch Schauspillerin
D'Jil Devresse, gebuer den 9. August 1997 zu Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin.
Jil Devresse | |
---|---|
Gebuer |
9. August 1997 Lëtzebuerg |
Educatioun | Europäisches Theaterinstitut Berlin |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller |
No hirer Première am Lycée Ermesinde, huet si vun 2017 bis 2020 eng Schauspillausbildung op der ETI Schauspielschule[2] vum Europäeschem Theaterinstitut zu Berlin absolvéiert. Zanterhier spillt si am Theater, Film an Tëlee[3].
An der éischter Saison vun der Serie Capitani huet si d'Zwillingsschwëstere Jenny an Tania gespillt.
D'Jil Devresse lieft zu Berlin.
Filmographie (Auswiel)
änneren- And Then You (2018)
- Capitani (2019)
- Au Revoir (2022)
- 2D'Land am Schiet - Regie: Lukas Grevis (2024)
Um Spaweck
änneren- Maxence Bernaud, Autour d'un verre (fr) Interview mat der Jil Devresse op YouTube
Referenzen
änneren- ↑ Quell: Autour d'un verre, Um Spaweck
- ↑ (de)Jil Devresse in „Das Fenster“ am Staatstheater Saarbrücken. eti-berlin.de. Gekuckt de(n) 14.03.2022.
- ↑ Fiche beim Staatstheater Saarbrücken.