Jeroen Dijsselbloem

hollännesche Politiker

De Jeroen René Victor Anton Dijsselbloem [ jəˈɾun ˈdɛi̯səlblum ], gebuer den 29. Mäerz 1966 zu Eindhoven, ass en hollännesche Politiker (PvdA).

Jeroen Dijsselbloem
Gebuer 29. Mäerz 1966
Eindhoven
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Politiker, Ekonomist, Ingenieur, Kolumnist

Vun November 2012 bis Oktober 2017 war hie Finanzminister an der Regierung Rutte II, an vu Januar 2013 bis Juli 2015 war hie President vun der Eurogrupp.

Zanter dem 13. September 2022 ass hie Buergermeeschter vun Eindhoven.

Liewen a Karriär änneren

Den Dijsselbloem huet no senger Première vun 1985 bis 1991 op der Universitéit Wageningen Agrarekonomie studéiert, mat de Schwéierpunkte Betribswëssenschaft, Agrarpolitik a Sozialwirtschaftsgeschicht.[1]

1992 huet hien am Europäesche Parlament als Assistent vun der PvdA-Grupp geschafft, an 1993 als Referent fir Landwirtschaft, Ëmwelt an Amenagement vum Territoire vun der PvdA-Fraktioun am hollännesche Parlament. Vun 1996 bis 2000 war e Mataarbechter am Cabinet vum Landwirtschaftsminister Jozias van Aartsen.

Den Dijsselbloem ass zanter 1985 Member vun der PvdA a souz fir si vun 1994 bis 1997 am Gemengerot vu Wageningen. 2000 ass en an d'Parlament nogeréckelt, an nees eng Kéier 2002, a war zanterhier, bis en 2012 zum Finanzminister ernannt gouf, Deputéierten.

Den 21. Januar 2013 gouf hien als Nofollger vum Jean-Claude Juncker vun den anere Finanzministeren zum President vun der Eurogrupp gewielt. Den 13. Juli 2015 krut hie säi Mandat op weider zwee an en halleft Joer verlängert.[2]


Virgänger
Jan Kees de Jager
Hollännesche Finanzminister
2012 - 2017
Nofollger
Wopke Hoekstra
Virgänger
Jean-Claude Juncker
President vum Eurogrupp
2013 -2015
Nofollger
Mário Centeno

Um Spaweck änneren

Commons: Jeroen Dijsselbloem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. CV op der Websäit vun der hollännescher Regierung, 2013-01-21 (gekuckt: 2013-01-22)
  2. "Dijsselbloem bleibt Chef." tageblatt.lu, 13. Juli 2015 18:17; Akt: 13.07.2015 18:23.