Den Geoffrey "Jeff" Arnold Beck, gebuer de 24. Juni 1944 zu Wallington, am Surrey, haut London Borough of Sutton, a gestuerwen den 10. Januar 2023 zu Wadhurst, am East Sussex, war e brittesche Rock-Gittarist a méimolege Grammy-Präisdréier.

Jeff Beck
Gebuertsnumm Geoffrey Arnold Beck
Gebuer 24. Juni 1944
Gestuerwen 10. Januar 2023
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Gittarist, Komponist, Jazzgittarist, Lidderschreiwer, Museksproduzent, Discographesche Kënschtler, Rockmuseker, Rocksänger

Hien huet 1965, nodeems den Eric Clapton bei den John Mayall spille goung, deem seng Plaz als Leadgittarist bei de Yardbirds iwwerholl, wou en als ee vun den éischte Gittariste mat der electronic fuzz distortion an noise experimentéiert huet. 1966 huet hien d'Band nees verlooss an ufank 1967 d'Solosingle Hi Ho Silver Lining/ Beck’s Bolero, erausbruecht. 1967 huet hie seng eege Band, d'Jeff Beck Group gegrënnt, an där och de Rod Stewart (Gesang), de Ron Wood (Bass), de Micky Waller (Batterie) an den Nicky Hopkins (Keyboard) waren. 1969 sinn de Stewart an de Wood hirer Wee gaangen (leschtgenannte bei d'Rolling Stones), ma och d'Neiformatioun huet nëmme bis 1972 gehalen, an d'Band ass ausenanergefall.

De Beck huet du mam Carmine Appice (Batterie) an Tim Bogert (Bass) déi (och kuerzlieweg) Beck, Bogert & Appice (BBA) gegrënnt. 1975 koum dem Beck säin intrumentale Soloalbum Blow by Blow eraus, an 1976 Wired, e gemeinsame Projet mam Jazzrock-Keyboarder Jan Hammer a senger Band. An där Zäit huet hien och zwéi Albumme vun der Grupp Upp produzéiert an drop matgespillt.

Den Jeff Beck (1973)

An den 1980er an 1990er Joren koume just geleeëntlech Albume vum Beck eraus: Flash (1985), Guitar Shop (1989), Crazy Legs (1993), Who else (1999) a You Had It Coming (2001). Hien huet och ëmmer nees bei Projete vun anere Museker mategmaach.

Den Jeff Beck gouf fir seng Rockinstrumentalstécker sechsmol mat engem Grammy ausgezeechent. Hien huet am léifsten op Fender-Stratocaster-Gittare gespillt.

Discographie änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck änneren

Commons: Jeff Beck – Biller, Videoen oder Audiodateien