Jean Trausch
lëtzebuergesche Missionär
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jean Trausch S.J.C., och heiansdo als Pater Irénée (fr: Père Irénée) ernimmt, gebuer de 6. Mäerz 1918 zu Eppelduerf an der deemoleger Gemeng Iermsdref, a gestuerwen de 25. November 1964 zu Stanleyville (haiteg Kisangani) an der DR Kongo, war e lëtzebuergesche kathoulesche Missionnaire aus der Kongregatioun vun den Häerz-Jesu Pateren.
Jean Trausch | |
---|---|
Gebuer |
6. Mäerz 1918 Eppelduerf |
Gestuerwen |
25. November 1964 Kisangani |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Priister, Missionnaire |
Den Trausch war de 16. Juni 1944 ordinéiert ginn a war zanter den 1940er Jore Pater zu Ponthierville (haut Ubundu).
1964 gouf hie mat ronn 50 anere Missionnairen zu Stanleyville wärend der Simbarebellioun ermuert.[1],[2]