Jean Richardot (1573-1614)

Bëschof bzw. Ärzbëschof


De Jean Richardot, gebuer c. 1573 zu Arras[1] an der Bourgogne a gestuerwen am Februar[2] 1614 zu Cambrai, war e kathoulesche Geeschtlechen an Diplomat.

Jean Richardot
Gebuer 1573 jul.
Gestuerwen Februar 1614
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit kathoulesche Priister, Diplomat, Politiker
Famill
Papp Jean Richardot (1540-1609)
Geschwëster Pierre Richardot

Am Joer 1603[3] gouf hie Bëschof vun Arras an dono, am Joer 1609, Äerzbëschof vu Cambrai.[4]

Hie war de Fils vum Diplomat a Staatsmann Jean Richardot an de Brudder vum Iechternacher Abt Pierre Richardot.

Literatur änneren

  • Brants, V., 1901. Jean Richardot, évêque d'Arras, archévêque de Cambrai. Note et documents. Annales pour servir à l'histoire ecclésiastique de la Belgique, 2e série, vol. 13, p. 385-407. PDF
  • Brants, V., 1907. Richardot (Jean). In: Biographie nationale publiée par l'Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique, tome XIX: Reingout – Romunde. Bruxelles, col. 280-282. PDF
  • Hoefer, Jean-Chrétien-Ferdinand (dir.), 1863. Richardot (Jean). In: Nouvelle biographie générale depuis les temps les plus reculés jusqu'à nos jours. Tome 42. Paris, Firmin Didot Frères, col. 192. Online

Referenzen änneren

  1. An der franséischer Wikipedia [gekuckt 2022-05-04, 15h20] steet, de Jean Richardot wier de 7. Oktober 1570 zu Malines gebuer.
  2. D'Nouvelle biographie générale gëtt den 28. Februar 1614 als Stierfdag un (Nouvelle biographie générale […] publiée par MM. Firmin Didot frères sous la direction de M. le Dr Hoefer. Tome 42. Paris 1863, col. 192. [1]).
  3. Brants 1901, S. 387; Brants 1907, col. 281.
  4. Kuck och: Catholic-Hierarchy: Archbishop Jean Richardot.