Jean Kandel

lëtzebuergesche Lidderarchivar, Liddersammler a Lidderschreiwer

De Jean ("Jang") Kandel, gebuer den 8. Juli 1948 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Lidderarchivar, Lidderschreiwer an Arrangeur, a fréiere Geschäftsmann, Vendeur a Bankbeamten.

Jean Kandel
De Jean Kandel a sengem Archiv mat enger Partitur vum Feierwon
Gebuer 8. Juli 1948
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lidderschreiwer, Komponist, Editeur, Geschäftsmann, Chouerdirigent

Liewen a Karriär

änneren

De Jean Kandel ass zu Stroossen, wou seng Elteren e Bauerenhaff haten opgewuess an an d'Primärschoul gaangen. Seng Uewerprimärschoul huet hien vun 1960 bis 1964 zu Habech am Institut Sainte Famille gemaach. Duerno war hien nach sechs Méint an der École de Commerce et de Gestion. No zwee Joer op enger Bank huet hie vun 1967 bis 1976 eng Epicerie op der Stäreplaz bedriwwen, duerno 34 Joer laang bei Philips Luxembourg, an dann nees, bis zu senger Pensioun 2005, bei enger Bank.

Hien ass bekannt dofir, iwwer d'Joren eng 4.500 Lëtzebuerger Lidder (Texter an Nouten) gesammelt an archivéiert ze hunn. Deeler dovu goufen als Bicher publizéiert: 2017 an engem Lidderband mat 45 an 2020 an engem mat 50 Lidder, déi nach bis dato a kengem Lidderbuch ze fanne waren.

Ausserdeem schreift a komponéiert hien eege Gedichter a Lidder, wouvun der 50 an engem Gedichts- a Lidderband erauskomm sinn.

Hie war bis 1981 Member vum Gesangveräin vu Stroossen, duerno 24 Joer laang, dovun 15 als Président, zu Mamer. Hien huet och am Gesank an och an der JEC zu Stroossen gär mat Theater gespillt.

2008 huet hien d'Becheler Sänger, Seniore-Gesangsgrupp zu Bereldéng, gegrënnt, a gouf Dirigent vun enger Gesangsgrupp am CIPA zu Mamer.

Publikatiounen

änneren
  • Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen, Band 1 (50 Lidder), 2017 a Band 2 (45 Lidder), 2021.
  • [eege Lidder, Titel feelt]

Diskografie

änneren
  • 2015: D´Kopleschter-Lidd, vun den Becheler-Sänger fir de Veräin 'Koplescht fréier an hott'.
  • 2017: Colette a Fernand Wark Revival, Luxemburg: Ons Lidder asbl.

Gielecher

änneren
  • Sëlwer Eireplack Dicks-Rodange-Lentz (2022), "fir den Asaz fir d'Lëtzebuerger Sprooch duerch de Lëtzebuerger Lidder Archiv mat iwwer 4500 Wierker an d'Editioun vun 3 Lëtzebuerger Lidderbicher".

Um Spaweck

änneren