Jean Igel
De Jean Igel oder Jengy Igel, gebuer den 13. Februar 1919 zu Hueschtert a gestuerwen den 11. Februar 1998 zu Rammeldang, war e lëtzebuergesche Vëlossportler.
Hien ass fir de Velo-Sport Dummeldeng gefuer an huet als ee vun de beschte Sprinter zu Lëtzebuerg gezielt. Ee vu sengen technesche Beroder, deen him eng grouss d'Zukunft virausgesot hat, war den Nicolas Frantz. Leider huet den Zweete Weltkrich eng Brems a senger sportlecher an enger méiglecher Profiscarrière bedeit. Hien huet Lëtzebuerg tëscht 1946 a 1950 véiermol bei de Cyclo-Cross Weltmeeschterschafte vertrueden.
PalmarèsÄnneren
1938Änneren
- 2. am Critérium des Jeunes
1940Änneren
- 1. bei den Nationale Wantermeeschterschaften
1941Änneren
- 1. bei Rund um Luxemburg
1945Änneren
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Independanten)
- 3. a Metz - Luxembourg
1946Änneren
- 11. am Tour de Luxembourg
1947Änneren
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Independanten)
- 1. bei den National Meeschterschaften op der Piste an der Poursuite an an der Vitess.
1948Änneren
- 28. am Tour de Luxembourg
1949Änneren
- 21. am Tour de Luxembourg
1950Änneren
- 17. am Tour de Luxembourg
1950Änneren
- 17. op der Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross