De Jean Philippe Arthur Dubuffet, gebuer den 31. Juli 1901 zu Le Havre a gestuerwen den 12. Mee 1985 zu Paräis, war e franséische Moler, Sculpteur, Collage-, Assemblage- an Aktiounskënschtler.

Jean Dubuffet
Gebuertsnumm Jean Philippe Arthur Dubuffet
Pseudonym Jan du qu, J. Dubufe, Louis-Léon Bendy
Gebuer 31. Juli 1901
Le Havre
Gestuerwen 12. Mee 1985
6. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Académie Julian
Aktivitéit Moler, Sculpteur, visuelle Kënschtler, Schrëftsteller, Designer, Graphiker, Graveur, plastesche Kënschtler, Bauzeechner, Zeechner, Philosoph
Member vun Royal Academy
Jardin d'Email, Kröller-Müller Museum.

Hie war en Haaptrepresentant vum Art brut an zielt zu de prominentste Vertrieder vun der franséischer Konscht an de Joerzéngten nom Zweete Weltkrich.

Hien huet sech fir eng antiintellektuell, antiakadeemesch Konscht agesat, déi vum Bildvocabulaire vu Kanner oder Geeschteskranken inspiréiert ass a "graff" (brut) wéi se ass, ëmgesat gëtt.

Hien huet mat villen Zorte vun Ënnerlagen experimentéiert, Mëschtechniken, Assemblagen, Lithographien, Skulpturen, asw. Ausserdeem huet hie komponéiert an och geschriwwen. Zu Liefzäiten huet hie Kollektioune vu sengem Wierk dem Musée des arts décoratifs zu Paräis an dem Stedelijk Museum zu Amsterdam geschenkt. D'Fondation Dubuffet huet zu Paräis an zu Périgny-sur-Yerres Muséeë mat weidere Wierker vun him ageriicht.

Säi Graf ass um Kierfecht vun Tubersent.

Ausstellungen änneren

  • 1944/45 Galerie René Drouin, Paräis
  • 1947 Pierre Matisse Galerie, New York
  • 1954 Retrospektive Cercle Volney, Paris
  • 1957 Retrospektive Schloss Morsbroich, Leverkusen
  • 1964 "L´Hourloupe" Palazzo Grassi, Venedeg
  • 1973 Retrospektive Guggenheim Museum, New York
  • 1980 Retrospektiven Akademie der Künste, Berlin
  • 1980 Museum Moderner Kunst, Wien
  • 1980 Joseph-Haubrich Kunsthalle, Köln
  • 1981 "Ausstellung fir säin 80. Gebuertsdag", Solomon R. Guggenheim Museum, New York
  • 1985 Retrospektiv, Fondation Beyeler, Basel
  • 1998 Galerie Karsten Greve, Köln
  • 2009 Kunsthalle der Hypo-Kulturstiftung, München
  • 2009 Galerie Beyeler, Basel

Bréiwer a soss Schrëften änneren

  • Prospectus et tous écrits suivants, Tome I, II, Paris 1967; Tome III, IV, Paris 1995, Gallimard.

Wierkkatalogen änneren

  • Catalogue des travaux de Jean Dubuffet Fascicule I-XXXVIII, Paris 1965-1991.
  • L'Œuvre gravé et les livres illustrés par Jean Dubuffet. Catalogue raisonné, Sophie Webel, Paris 1991.

Um Spaweck änneren

Commons: Jean Dubuffet – Biller, Videoen oder Audiodateien