Jean Bruce

franséische Schrëftsteller

De Jean Bruce (Kënschtlernumm vum Jean Alexandre Brochet), gebuer den 22. Mäerz 1921 a gestuerwen de 26. Mäerz 1963, war e franséische Schrëftsteller.

Jean Bruce
Gebuer 22. Mäerz 1921
Aillières-Beauvoir
Gestuerwen 26. Mäerz 1963
Luzarches
Doudesursaach Verkéiersaccident
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schrëftsteller

Hie gouf virun allem duerch seng Geschichten ëm de Geheimagent Hubert Bonisseur de La Bath alias OSS 117 bekannt, vun deenen en der bis zu sengem Doud 91 geschriwwen hat. Do donieft huet de Jean Bruce och nach aner Ënnerhalungsliteratur geschriwwen, z. B. d'Vicomte-Serie.

Virdrun huet hien ë. a. als Pilot, Sekretär vun engem Buergermeeschter, Schauspiller, Sekretär vun engem indeschen Dignitaire a Bijoutier geschafft; déi Erfarungen huet hien a senge Romaner kënne verschaffen.[1].

Hien ass bei engem Autosaccident leie bliwwen.

Seng Fra Josette († 1996) an duerno seng Kanner François a Martine hunn d'OSS-Serie bis 1996 virugefouert.

Referenzen änneren

  1. B. van Wonterghem, EuroBis#5, S. 3