Jean Becker (Foussballspiller)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Foussballspiller Jean Becker. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean Becker.

De Jean Becker, gebuer de 15. Juni 1922 zu Diddeleng a gestuerw den 1. November 2009[1], war e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[2],[3]

Jean Becker
Gebuer 15. Juni 1922
Diddeleng
Gestuerwen 1. November 2009
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller

Hie war fir d'Olympesch Summerspiller 1948 zu London selektionéiert, wou hien awer net agesat gouf.[4]

Tëscht dem 22. Februar 1948 am 19. Mäerz 1950 huet de Jean Becker 9-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 1 Gol geschoss.[5]

Wärend dem zweete Weltkrich war hie wéinst engem Stellungsbefehl fir an d'Wehrmacht vun Oktober 1943 bis Oktober 1944 a Frankräich desertéiert.[1]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Fédération des enrôlés de force - Jean Becker - Documents. www.ons-jongen-a-meedercher.lu. Gekuckt de(n) 2021-12-29.
  2. De Jean Becker op der Websäit Football Database.eu
  3. Lëscht vun de Lëtzebuerger Foussballspiller op den Olympesche Summerspiller 1948 op der Websäit vun der FIFA
  4. Profil vum Jean Becker op der Websäit vun der FIFA
  5. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Jean Becker op der Websäit vun European Football