Jean-Pierre Probst
lëtzebuergesche Politiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jean-Pierre Probst, gebuer den 29. Juli 1871 zu Iechternach[1], a gestuerwen de 26. Februar 1936 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergeschen Affekot an Deputéierten.
Jean-Pierre Probst | |
---|---|
Gebuer |
29. Juli 1871 Iechternach |
Gestuerwen |
26. Februar 1936 Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Partei | SDP (1903) |
Zanter hirer Grënnung 1902 war hie Member vun der Sozialdemokratescher Partei a gouf 1903 als Vertrieder vun där Partei an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt. Hei ass e bis 1920 bliwwen, déi lescht 3 Joer als Schäffen. 1905 gouf en als sozialistesche Vertrieder an d'Chamber gewielt an ass et bliwwe bis 1919. Duerno huet en net méi kandidéiert.[3].
D'Rue Jean-Pierre Probst um Lampertsbierg gouf no him genannt.
Referenzen
änneren- ↑ Gebuertsakt Nr. 57 vun der Stad Iechternach vum 31. Juli 1871
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 27. Februar 1936
- ↑ "J.P. Probst gestorben" am Tageblatt vum 27. Februar 1936