Jean-Pierre Namur

Apdikter zu Iechternach


De Jean-Pierre Henri Namur, gebuer zu Gréiwemaacher den 10. Mee 1796, a gestuerwen den 29. November 1875 zu Iechternach, war en Apdikter zu Iechternach.

Jean-Pierre Namur
Gebuer 10. Mee 1796
Gréiwemaacher
Gestuerwen 29. November 1875
Iechternach
Famill
Kanner Joseph Namur

Säin Apdikteschdiplom krut hien den 22. Dezember 1820. Am Joer 1822 huet hien d'Hirsch-Apdikt (Pharmacie du Cerf), wou hien als Provisor geschafft huet, kaaft. De J. P. Namur war politesch aktiv als Member vum « Conseil de Régence » (Gemengerot) vun der Stad Iechternach, an deen hien 1828 fir d'éischt gewielt gouf.

Vun 1870 bis 1875 war hie Member vum Kuratorium vum Iechternacher Progymnase.

Hien ass de Papp vum Joseph Namur.

Literatur änneren