Jean-Pierre Fiedler (Buchbënner)
lëtzebuergesche Buchbënner
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Biuchbënner Jean-Pierre Fiedler. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean-Pierre Fiedler. |
De Jean-Pierre Fiedler, gebuer 1943 a gestuerwen 1998, war e lëtzebuergesche Buchbënner.
Jean-Pierre Fiedler | |
---|---|
Gebuer | 1943 |
Gestuerwen | 1998 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Buchbënner |
1965 gouf de Jean-Pierre Fiedler mam Opbau vum 'Service Reliure' vun der Stad Lëtzebuerg chargéiert.
De Jean-Pierre Fiedler huet mat Coursen am 'Centro del bel Libro' zu Ascona (Tessin) säin handwierklecht Kënnen als Buchbënnermeeschter perfektionéiert. Hien huet sou och d'Realisatioun vum 'Livre d'Or' vun der Stad Lëtzebuerg am Ufank vun de 70er Joren iwwerholl.
Vun 1980 bis 1990 huet hien de Musée J.-P. Pescatore an der Villa Vauban verwalt.
1983 gouf de Jean-Pierre Fiedeler mat der Leedung vun der nei geschaafter Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg beoptragt.
Referenzen
änneren- Clesse, René "Die schöne alte Kunst des Buchbindens" an Ons Stad 68/2001 S. 18-21