Jean-Pierre Adam
lëtzebuergesche Moler, Graveur a Sculpteur
De Jean-Pierre Adam (Adams Menn), gebuer de 5. August 1941 zu Diddeleng[1], a gestuerwen den 13. Januar 2014[2] war e Lëtzebuerger Moler, Graveur a Sculpteur.
Jean-Pierre Adam | |
---|---|
Den Adams Menn (2011), Foto: François Besch | |
Gebuer |
5. August 1941 Diddeleng |
Gestuerwen | 13. Januar 2014 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, Sculpteur, Graveur |
De Jean-Pierre Adam huet als Schmelzaarbechter geschafft. Duerno huet hien zu Zürich op der École nationale d'art décoratif studéiert an zu Aubusson an der Tapisserie geschafft.
1974 huet hien d'Académie d'été zu Lëtzebuerg gegrënnt.
1989 huet hie sech mat senger Famill zu La Barben a Südfrankräich, bei Salon-de-Provence, etabléiert. Eng 18 Joer duerno ass hien op Lëtzebuerg zeréckkomm an huet zanterhier a sengem Atelier zu Diddeleng am Agank vum Quartier Italien geschafft.[3]
Wierker (Auswiel)
änneren- Les ombres du passé, néng stole Skulpture beim Centre de documentation sur les migrations humaines zu Diddeleng
- Fënnef stole Skulpture vu 6 Meter Héicht bei der Garer-Schoul an der Stad Lëtzebuerg
- Schoul Ribbespont zu Diddeleng
- Schoul Glas Coupole zu Beefort
- Retrospective Déifferdeng
- Spiral zu Réimech
- Aner Wierker
Literatur
änneren- Besch, François, 2011. Jean-Pierre Adam. Von Ruhestand kann keine Rede sein. Tageblatt vum 5. August 2011.
- Herr, Lambert, 1992. Adam Jean-Pierre. In: Anthologie des arts au Luxembourg. Éditions Émile Borschette. Imprimerie Linden, Lëtzebuerg, 464 S. (Cf. S. 11). ISBN 2-87982-034-0
- Z., 2012. En l'Espace H2O à Oberkorn: Rétrospective artistique Jean-Pierre Adam 1960-2012. Lëtzebuerger Journal 2012, Nr. 140 (21./22. Juli), S. 21.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ H. Lambert, 1992. Anthologie des arts au Luxembourg.
- ↑ "Der Künstler Jean-Pierre Adam ist tot." wort.lu, 14.01.14 17:00.
- ↑ Tageblatt vum 5. August 2011