De Jean-Claude Duvalier, genannt Baby Doc, gebuer den 3. Juli 1951 zu Port-au-Prince op Haiti an och do de 4. Oktober 2014 gestuerwen, war en haitianesche Politiker.

Jean-Claude Duvalier
Gebuer 3. Juli 1951
Port-au-Prince
Gestuerwen 4. Oktober 2014
Port-au-Prince
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Haiti
Aktivitéit Politiker
Mamm Simone Duvalier

Hie war vun 1971 bis 1986 President vu sengem Land, dat en diktatoresch regéiert huet.

Hie war de Jong vum François Duvalier, genannt Papa Doc, deen zanter 1957 Diktator vun Haiti war. Mat just 19 Joer ass hien 1971, nom Doud vu sengem Papp, deem säin Nofollger ginn, an huet sech och gläich zum President op Liewenszäit ausruffe gelooss.

Hien huet e Liewen als en Jetset-Palyboy gefouert, an d'Amtsgeschäfter senger Famill iwwerlooss, wéi senger Schwëster Marie-Denise Duvalier oder senger Mamm Simone Ovide Duvalier (fir déi méi zeremoniell Aufgaben).

Am Ufank huet hien e puer Reformen an d'Weeër geleet, wéi eng manner streng Pressezensur, Amnestië fir politesch Gefaangen, oder Ufäng vun enger Justizreform, mä am grousse Ganzen huet sech net vill par rapport zu der Diktatur vu sengem Papp geännert. Wéi hien huet e seng Muecht op déi sougenannt Tontons Macoutes gestäipt, eng paramilitäresch Trupp, déi d'Bevëlkerung duerch Arrestatiounen, Folterungen an Ermuerdungen terroriséiert huet, a praktesch maache konnt wat se wollt, ouni dofir belaangt ze ginn.

Säi Revenu koum virun allem duerch d'Régie du Tabac, déi den Tubak-Monopol kontrolléiert huet, a sou direkt a seng Täsch gefloss ass, sou wéi méi spéit aner Revenuë vu staatlechen oder parastaatlechen Entreprisen. E soll sou iwwer 100 Milliounen US-Dollar am Joer fir sech gehat hunn.[1]

Vun der Mëtt vun den 1980er Joren un ass déi ëffentlech Kritik un den Zoustänn am Land ëmmer méi grouss ginn, an et koum zu Protester doruechter. Den Duvalier huet d'Präisser vun de Grondliewensmëttele liicht erofgesat, onofhängeg Radioen zoumaachen an d'Police- an d'Militär haart duerchgräife gelooss, wat d'Situatioun awer net besser fir hie gemaach huet. D'Opfuerderung vun den USA, e sollt Land verloossen (dat, nodeems se hien a säi Papp joerzéngtelaang wirtschaftlech ënnerstëtzt haten), huet en ignoréiert.[2]

De 7. Februar 1986 gouf den Duvalier ofgesat an ass a Frankräich an den Exil gaangen. Do huet en am Ufank am Luxus gelieft, mat zwou Wunnengen zu Paräis, enger Villa zu Cannes an engem Schlass. Zäitweileg stoung en ënner Hausarrest, mä d'franséisch Regierung huet och verhënnert, datt en an den 1990er Joren un Haiti ausgeliwwert sollt ginn, fir datt em do de Prozess gemaach géif. Hien huet ouni Succès probéiert gehat, an anere Länner Asyl ze kréien.[3]

Um Enn huet hien an engem Een-Zëmmer-Appartement zu Paräis gelieft, zesumme mat senger Jugendfëndin a spéiderer Fra Véronique Roy.[4] Nom groussen Äerdbiewen op Haiti, am Januar 2011, ass hien an d'Land zeréckgaangen, fir, wéi e sot, "ze hëllefen".[5],[6]. De Parquet huet doropshin eng Enquête géint hien opgemmach wéinst Korruptioun an Déifstall vu Staatsverméigen.[7] Bis zu sengem Doud stoung hien ënner Hausarrest.[8],[9]

Et gëtt geschat, datt d'Regimer vun him a sengem Papp ronn 30.000 Mënscheliewe kascht hunn.[10]

Um Spaweck

änneren
Commons: Jean-Claude Duvalier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. "Haitis Ex-Diktator Duvalier gestorben". Deutsche Welle, 4. Oktober 2014.
  2. muz-online.de Menschen unserer Zeit e.V.: Haiti Archivéiert de(n) 11.02.2009. Gekuckt de(n) 06.10.2014.
  3. Holzer, Birgit: "Die plötzliche Generosität des Jean-Claude Duvalier." Wiener Zeitung, 19. Januar 2010.
  4. http://newsticker.sueddeutsche.de/list/id/1097181 sueddeutsche.de, 17. Januar 2011
  5. http://www.dradio.de/nachrichten/2011011701/1/
  6. http://www.bbc.co.uk/news/world-11943820
  7. "Haitis Justiz leitet Korruptionsermittlung ein", Focus, 18. Januar 2011
  8. Tod, Gefängnis oder Exil, Augsburger Allgemeine, 20. Oktober 2011
  9. "Haitis Ex-Diktator: „Baby Doc“ Duvalier ist tot." Spiegel Online]], 4. Oktober 2014.
  10. "Ganz der Vater: Jean-Claude Duvalier" Süddeutsche Zeitung.