Jason Bateman
US-amerikanesche Schauspiller
Den Jason Bateman, gebuer de 14. Januar 1969 zu Rye, New York, ass en US-amerikanesche Schauspiller.
Jason Bateman | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jason Kent Bateman |
Gebuer |
14. Januar 1969 Rye |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | William Howard Taft High School |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmproduzent, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Synchronspriecher, Televisiounsregisseur, Filmregisseur, Podcaster |
Partei | Democratic Party |
Member vun | Directors Guild of America |
De Bateman huet seng Carrière mat enger Haaptroll an der Fernseeserie Little House on the Prairie ugefaangen, an där e vun 1981 bis 1982 d'Roll vum James Ingalls gespillt huet. Duerno ass e besonnesch an der Haaptroll vum Michael Bluth an der Sitcom Arrested Development opgefall, déi e vun 2003 bis 2006 gespillt huet, a fir déi en 2005 fir en Emmy als beschten Haaptacteur nominéiert gouf a souwuel e Golden Globe wéi och e Satellite Award gewonnen huet.
Um Spaweck
ännerenCommons: Jason Bateman – Biller, Videoen oder Audiodateien |