Jaroslawler Gare
D'Jaroslawler Gare (op Russesch: Ярославский вокзал) ass eng Kappgare zu Moskau. Si gouf 1862 op der Komsomolskaja Plaz gebaut.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/ba/Yaroslavsky_rail_terminal_front_side.jpg/400px-Yaroslavsky_rail_terminal_front_side.jpg)
D'Gare ass den Ausgankspunkt vun der Transsibirescher Eisebunn. Do fiert ënner anerem de leegendären Zuch Rossija fir op Wladiwostok fort.
D'Jaroslawler Gare verbënnt Moskau mat dem Norden, dem Ural a Sibirien. Iwwer d'transsibiresch Eisebunn kënnt ee bis an d'Mongolei an a China.
Architektur vun der Gare
ännerenAn der Nisch vum Giewel sinn dräi Wopen duergestallt: Den hellege Georg vu Moskau, den Äerzengel Michael deen en Däiwel niddermécht, an de Bier mat der Aaxt vun der Stad Jaroslawl.
Um Spaweck
ännerenCommons: Jaroslawler Gare – Biller, Videoen oder Audiodateien |