Den James Walter Christy, gebuer am Joer 1938, ass en US-amerikaneschen Astronom.

James W. Christy
Gebuer 15. September 1938
Milwaukee
Nationalitéit USA
Educatioun University of Arizona
Aktivitéit Astronom
Member vun International Astronomesch Unioun

1978 huet hien am United States Naval Observatoire entdeckt, datt den Zwergplanéit Pluto e Mound huet, deen hie Charon genannt huet. De Christy hat bei der Auswäertung vu fotografesche Placke festgestallt, datt de Pluto eng 'Bëlz' hat. Dat hat op d'Existenz vun engem Mound higewisen.

A modernen Teleskopen, wéi dem Hubble-Weltraumteleskop oder äerdgestëtzten Teleskope mat Adaptiver Optik, kënnen de Pluto an de Charon getrennt duergestallt ginn.

Den Asteroid Christy gouf no him genannt.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren