James Richard Fisher

US-amerikaneschen Astronom

Den James „Rick“ Richard Fisher, gebuer den 10. Dezember 1943 zu Pittsburgh ass en US-amerikaneschen Astronom op der Universéit vu Virginia an um National Radio Astronomy Observatory (NRAO) zu Charlottesville.

James Richard Fisher
Gebuer 10. Dezember 1943
Pittsburgh
Nationalitéit USA
Educatioun Penn State University
Aktivitéit Astronom

De Fisher huet op der Pennsylvania State Universéit studéiert a mat engem Bachelor am Joer 1965 ofgeschloss. 1972 huet hien op der University of Maryland promovéiert. Dono war hie beim Green-Bank-Observatoire vum NRAO an huet zum Team gehéiert, dat de Robert C. Byrd Teleskop (GBT) entworf hat. Vun 2005 un, war hien an der zentraler Fuerschungsplaz vum NRAO zu Charlottesville.

Hien huet sech virun allem mat Radioastronomie inklusiv Antennenentworf a Signalveraarbechtung befaasst. Am Joer 1977 huet hie mam Richard Brent Tully d'Tully-Fisher-Bezéiung entwéckelt.

Schrëften änneren

  • Fisher, Tully: A New Method of Determining Distances to Galaxies, Astronomy and Astrophysics, Band 54, No. 3, February, 1977, S. 661 (online)
  • mam Tully: The Nearby Galaxies Atlas, Cambridge University Press 1987

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren