James Ferguson (Astronom)

Den James Ferguson, gebuer den 31. August 1797 zu Perthshire a Schottland a gestuerwen de 26. September 1867 zu Washington D.C., war e schotteschen Ingenieur an Astronom, deen zanter 1800 an den USA gelieft huet.

James Ferguson
Gebuer 31. August 1797
Gestuerwen 26. September 1867
Washington
Nationalitéit USA, Vereenegt Kinnekräich, Kinnekräich Groussbritannien
Aktivitéit Astronom, Ingenieur

De Ferguson huet als Ingenieur, ënner anerem um Bau vum Eriekanal, geschafft.

Vun 1847 un huet hien als Astronom am Naval-Observatoire zu Washington geschafft. Hien huet dräi Asteroiden entdeckt, dorënner den Euphrosyne, den éischten Asteroid, dee vun Nordamerika aus entdeckt gouf.

Fir un hien z'erënnere gouf am Joer 1941 den Asteroid (1745) Ferguson no him genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren