De Jacques de Flesselles, gebuer 1721, a gestuerwen de 14. Juli 1789 zu Paräis, war e franséischen Administrateur.

Jacques de Flesselles
Gebuer 11. November 1730
Paräis
Gestuerwen 14. Juli 1789
Paräis
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker
Jacques de Flesselles

Intendant zu Moulins, spéider zu Rennes an zu Lyon, gouf de Jacques de Flesselles zum Nofollger vum Le Peletier als Prévôt des marchands den 21. Abrëll 1789 op Paräis geruff. De 27. Mee 1789 hunn d'Wieler vun den dräi Stänn verlaangt, an den Hôtel de Ville kënnen ze kommen, fir un der Gestioun vun der Stad deelzehuelen. Dëst gouf vum Jacques de Flesselles als illegal ugesinn, a refuséiert; ënnerstëtzt gouf hien dobäi vum Ministère vum Jacques Necker. De 25. Juni 1789 hunn déi dräi Stänn hir Fuerderung widderholl, an ënner dem ëffentlechen Drock huet de Jacques de Flesselles erlaabt, datt sech 12 Wieler der Municipalitéit uschléisse konnten. Bei der éischter Sessioun vun dëser « Assemblée générale » den 13. Juli 1789 gouf de Jacques de Flesselles zum President gewielt. Ënner dem Drock vun de Leit huet hien d'Kreatioun vun enger Garde civique missen zouloossen, an huet verkënnegt datt 12.000 Gewierer vu Charleville ënnerwee wiere fir dës Trupp.

De 14. Juli 1789 ass de Stuerm op d'Bastille lassgaangen, an den opstännege Comité dee sech am Palais-Royal néiergelooss hat, huet den Delegéierte bei den Hôtel de Ville geschéckt, fir Waffe sichen ze goen. Wéi den Delegéierte keng Waffe konnt fannen, huet hien de Jacques de Flesselles beschëllegt, op der Säit vum Haff ze stoen. De Jacques de Flesselles gouf an de Palais-Royal geruff, fir sech ze rechtfertegen, mä gouf um Wee dohin erschoss. Hie gouf gekäppt, a säi Kapp gouf duerch d'Stroosse spazéiere gefouert.