Jacques Clément

Mäerder vum franséische Kinnek Henri III.

De Jacques Clément gebuer 1567 zu Serbonnes, a gestuerwen den 1. August 1589 zu Saint-Cloud, war e Bauerejong aus der Champagne an ass am Gediechtnes vun de Leit als Mäerder vum Henri III. bliwwen.

Jacques Clément
Gebuer 1567
Serbonnes
Gestuerwen 1. August 1589
Saint-Cloud
Nationalitéit Frankräich

1589 war hien ee vun de jonke Reliéise vum Dominikanerklouschter an der Rue Saint-Jacques zu Paräis. Mat Bréiwer fir de Kinnek vum Grof vu Brienne deen am Louvre agespaart war, ass hien aus der Stad eraus bei d'royalistesch Truppe gaangen, déi Paräis belagert haten. Hie gouf zu Vanves ënnerbruecht a krut eng Audienz beim Kinnek den 1. August 1589. Hien hat behaapt, hien hätt geheim Informatiounen iwwer eng méiglech Ënnerstëtzung fir de Kinnek zu Paräis. Dës Informatioune kéint hien awer nëmmen dem Kinnek ginn, a sou huet den Henri III. d'Gentilhommen aus dem Zëmmer gelooss a war mam Clément eleng. Knapps war hie mam Kinnek eleng, huet hien e mat engem Messer erstach, a gouf kuerz drop selwer vun de Gentilhommen, déi nees an d'Zëmmer gerannt waren, ëmbruecht. Säi Kierper gouf duerno a Véier gedeelt a verbrannt, fir datt keen op d'Iddi kéim, e Reliquiekult unzefänken.

De Regizid léisst sech einfach verstoen, wann ee sech d'Stëmmung zu Paräis ukuckt. De Kinnek war als Tyrann deklaréiert ginn, a war exkommunizéiert. Nodeem d'Nouvelle bekannt gi war, gouf sech zu Paräis doriwwer gefreet. D'Kathoulesch Liga huet drop gehalen, datt de Clément ënner gëttlechem Afloss gehandelt hat, an domat e Märtyrer wier.

Um Spaweck änneren

Commons: Jacques Clément – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
De Jacques Clement wéi en de franséische Kinnek Henri III. erstécht (Kofferstach aus dem 16. Jh.)