J. J. Cale
(Virugeleet vu(n) JJ Cale)
Den J. J. Cale, gebuer de 5. Dezember 1938 zu Oklahoma City als John Weldon Cale, a gestuerwen de 26. Juli 2013 zu San Diego, Kalifornien, war en US-amerikanesche Museker a Komponist. Hien zielt zu de Grënner vum sougenannten Tulsa-Sound, dee stilistesch tëscht dem Rockabilly, dem Blues, dem Jazz an der Country-Musek aklasséiert ka ginn. Hien huet dacks all d'Instrumenter bei sengen Opname selwer gespillt.
J. J. Cale | |
---|---|
Gebuertsnumm | John Weldon Cale |
Pseudonym | J.J. Cale, J. J. Cale, JJ Cale |
Gebuer |
5. Dezember 1938 Oklahoma City |
Gestuerwen |
26. Juli 2013 La Jolla |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Gittarist, Liddermécher, Sänger, Komponist, Museker, Discographesche Kënschtler |
Bekannt Kompositioune vun him si Cocaine an After Midnight, déi ë. a. vum Eric Clapton gecovert goufen.
Albumen
änneren- Naturally (1972)
- Really (1973)
- Okie (1974)
- Troubadour (1976)
- 5 (1979)
- Shades (1980)
- Grasshopper (1982)
- #8 (1983) mam Jim Keltner a Steve Ripley
- Special Edition (1984)
- Travel-Log (1990)
- Number 10 (1992)
- Closer to You (1994)
- Guitar Man (1996)
- Anyway the Wind Blows: The Anthology (1997)
- The Very Best of J. J. Cale (1998)
- Universal Masters Collection (1999)
- Live (2001)
- To Tulsa and Back (2004)
- The Road to Escondido (2006) mam Eric Clapton (Grammy 2008 Best Contemporary Blues Album)
- Rewind: Unreleased Recordings (2007)
- Gold (2007)
- Roll On (2009)
- The Silvertone Years (2011)
Literatur
änneren- The Very Best of J. J. Cale. Guitar, Tablature, Vocal. IMP, Woodford Green 1997, ISBN 1-85909-518-6.
Um Spaweck
ännerenCommons: J. J. Cale – Biller, Videoen oder Audiodateien |