J. Peters
Spioun
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
J. Peters ass dee bekanntste Spëtznumm vum Sándor "Alexander" Goldberger, engem ungaresch-US-amerikanesche kommunistesche Journalist, Marxismus-Aktivist a Spioun. Hien ass den 11. August 1894 zu Csap an Éisträich-Ungarn (haut Tschop an der Ukrain) gebuer, an ass am Joer 1990 zu Budapest an Ungarn gestuerwen.
J. Peters | |
---|---|
Gebuertsnumm | Sandor Goldberger |
Gebuer |
11. August 1894 Tschop |
Gestuerwen |
1990 Budapest |
Nationalitéit | Éisträich-Ungarn, Ungarn |
Aktivitéit | Journalist |
Partei | Kommunistesch Partei vun den USA, Ungaresch kommunistesch Partei |
Hie war Member vun der Communist Party USA, a war ganz aktiv an der ungaresch-sproocheger Sektioun vun där Partei. Zanter dem Ufank vun den 1930er Joren huet de Goldberger fir d'Interessie vun der Sowjetunioun an den USA spionéiert; am Joer 1947 gouf hien demaskéiert a verhaft. Et huet sech erausgestallt, datt de Sándor Goldberger en ettlech aner Pseudonymme benotzt huet. 1949 ass hien an Ungarn zeréckgaangen.