Den John Warren Geils Jr., besser bekannt als J. Geils, gebuer den 20. Februar 1946 zu New York City, New York, a gestuerwen den 11. Abrëll 2017 zu Groton, Massachusetts[1] war en US-amerikanesche Museker. Hie gouf als Gittarist a Grënnungsmember vun der “J. Geils Band” bekannt, déi 1981 mam Lidd Centerfold hire gréissten Hit hat.

J. Geils
Gebuertsnumm John Warren Geils
Gebuer 20. Februar 1946
New York
Gestuerwen 11. Abrëll 2017
Nationalitéit USA
Aktivitéit Gittarist, Jazzgittarist

J. Geils Band änneren

De Geils gouf zu New York gebuer an ass zu Morris Plains opgewuess.

1967 huet den J. Geils de Bluestrio “J. Geils Band” gegrënnt, déi sech an der Originalbesetzung aus him selwer (Gesang, Gittar), dem Danny Klein (Dr. Funk) (Bass) an dem Magic Dick (Richard Salwitz) (Mondharmonika) zesumme gesat huet. E puer Joer méi spéit koumen de Peter Wolf (Gesang), den Trombonnist Justman (Keyboard) an de Stephen Jo Bladd (Batterie) derbäi a si hunn sech zu enger Rockband entwéckelt. Nodeems sech d'Band 1985 opgeléist hat, koum et awer 2006 zu enger Neigrënnung.

Instrumenter änneren

Den J. Geils huet op follgend E-Gittare gespillt:

  • Gibson ET-335
  • Gibson Flying V
  • Gibson Les Paul
  • Fender Telecaster
  • Fender Stratocaster

Referenzen an Notten änneren

  1. Le guitariste américain J. Geils est décédé à 71 ans op 5minutes.lu, gekuckt den 12. Abrëll 2017