De Jürgen Peters, gebuer de 17. Mäerz 1944 zu Bolko/Oppeln an Oberschlesien, ass en däitsche Gewerkschaftsfonctionnaire an zanter 2003 President vun der IG Metall.

Jürgen Peters
Gebuer 17. Mäerz 1944
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Gewerkschaftler
Partei Sozialdemokratesch Partei vun Däitschland

Seng Ausbildung änneren

Vun 1950 bis 1955 ass de Peters zu Hannover an d'Primärschoul gaangen a vun 1955 bis 1961 an d'Realschule. Seng Ausbildung als Maschinneschlässer krut hien tëscht 1961 an 1964 bei der Rheinstahl Hanomag AG zu Hannover. Schonn a sengem éischten Ausbildungsjoer gouf e Member vun der IG Metall. A senger Léierzäit ass hien an d'Berufsaufbauschule gaangen an en huet mat der Fachhochschulreife opgehalen. Vun 1964 un huet e bei der Rheinstahl Hanomag AG als Maschinneschlässer geschafft. Duerno ass e bis 1969 an d'Akademie der Arbeit op Frankfurt um Main gaangen.

Seng Gewerkschaftsaarbecht änneren

De Peters war bei Hanomag als Jugendvertrieder an dobäi an der IG Metall-Betribsjugendgrupp aktiv. An de sechzeger Jore gouf hie President vum Uertsjugendausschoss vun der IG Metall Hannover.

Den 21. Abrëll 1976 koum de Peters an de Kommitee vun der IG Metall an der Filial Düsseldorf. Vun 1988 bis 1998 war e Bezierkschef vum Bezierk Hannover a vun 1998 bis 2003 Vizepresident vun der IG Metall.

Nodeem et zu engem Muechtkampf mam Vizepresident Berthold Huber koum, ass de Peters den 31. August 2003 zum President vun der IG Metall gewielt ginn.

De Peters leet 2.650 Mataarbechter an hie vertrëtt d'Interesse vu ronn 2,5 Millioune Membere vun der IG Metall.

Parteipolitesches änneren

De Jürgen Peters ass Member vun der SPD.

Um Spaweck änneren