Isak Ermay
spuenesche Geschäftsmann
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den İsak Andiç Ermay (tierkesch: İsak Andiç), gebuer den 20. Oktober 1953 zu Istanbul, a gestuerwen de 14. Dezember 2024 zu Collbató bei Barcelona, war een als Tierk gebuerene spuenesche Geschäftsmann, Grënner a gréissten Aktionär vun der Chaîne vun de Kleederbutteker Mango.
Isak Ermay | |
---|---|
Gebuer |
20. Oktober 1953 Istanbul |
Gestuerwen |
14. Dezember 2024 Collbató |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Geschäftspersoun, Entreprener |
Am Dezember 2024 gouf säin Nettoverméige vu Forbes op 4,5 Milliarden Dollar geschat.
De passionéierte Wanderer ass de 14. Dezember 2024 wärend engem Familljenausfluch an de Montserrat Bierger ausgerëtscht, ronn 150 Meter an d'Déift gefall a gestuerwen.[1]
Um Spaweck
ännerenCommons: Isak Ermay – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ (de)Gründer von Modekonzern Mango bei Bergunfall gestorben. Luxemburger Wort (14.12.2024). Gekuckt de(n) 14.12.2024.